top of page
logo-Gust-Graas.png

"100 Joer Gust Graas" - En Documentaire iwwert seng Konscht a säi Schafen

Dem Gust Graas seng Duechter, d'Kit Graas, erzielt iwwert hire Papp, deen dëst Joer 100 Joer al gi wier.

Am Dag war hie Manager an an der Nuecht Moler. De Gust Graas war e Visionär, sief et um Konferenzdësch bei RTL oder a sengem Atelier viru senger Toile. Dëst Joer wier dem Gust Graas säin 100. Gebuertsdag gewiescht. An deem Kontext huet seng Duechter, d’Kit Graas, him zu Éieren d'Joer voll gepak mat Ausstellungen.

Duerch dem Gust Graas seng Notten, säi Wierk a seng Geschicht erzielt seng Duechter vum Liewen a Schafe vun hirem Papp.





Aktuelle Beiträge

bottom of page