CAW, WALFERDANGE, LUXEMBOURG
HEEMECHT
Exposition
28 juin - 7 juillet 2024
“Pint, per tant som.”
“I paint, so I am.”
„Ich male, also bin ich.“
“Pinto, luego soy.”
“Je peins, donc je suis.“
“Pingo, ergo sum.”
“Ech molen, dofir sinn ech.“
HEEMECHT
Exposition avec la participation de Jean Marie Biwer, Robert Brandy, Tino Camarda, Gérard Claude, Raymond Clement, Jim Knaff, Margot Reding-Schroeder et Yvette Rischette, Raphaël Springer autour de Gust Graas
CAW, Walferdange, Luxembourg
5 Rte de Diekirch,
7220 Walferdange
28 juin - 7 juillet 2024
Heures d'ouverture
Jeudi de 15 à 19 heures
Vendredi de 15 à 19 heures
Samedi de 14 à 18 heures
Dimanche de 14 à 18 heures
Heemecht ass do wou een sech doheem spiert, “Zuhause” + . Fier de Gust Graas war et ouni Zweifel “Helmsange” + , wou säin Heemechtshaus war.
An däitsch Reichsarméi wärend dem Krich agezunn, ass ganzt Land an der schwéierer Zeit Heemecht fir de Gust Graas ginn.
No der Befreiung, mat der Hoffnung op ni méi Krich, huet hien « Jeunesse fédéraliste » matgegrënnt an duerch seng Aarbecht bei Radio Lëtzebuerg eng gemeinsam Kultur fir Europa produzéiert. Seng Heemechtsbiller ware “Vue de Bonnal” + , “Paysage du Midi” + an der ganz grousser Welt “Skyline“ + .
Zanter 1980 wunnen de Jean-Marie Biwer a seng Fra am ieweschten Eck vum Land. Hien moolt praktesch nëmmen nach des Landschaft, wéi “Paysage en Mai“ + , é Bild elo just grad fäerdeg gemoolt fir des Ausstellung. Hien setzt sech domat auserneen, wat d’Liewen him virun d’Nues gesat huet a wou’ hien all Daach derduerch spadséiere geet an driwwer meditéiere kann. Dann ass hien a senger eegener Welt an och eegener Konschtwelt, - dat bedeit Heemecht.
De Robert Brandy ass vill gereest, mee hien ass ëmmer frou nees an seng Heemecht op Lëtzebuerg zréck ze kommen. No enger ganzer Rëtsch vun abstrakten Oeuvren, kennt hien och nees heem a senger leschter Rei vu Biller, “Open landscape” + .
Fier den Tino Camarda, dem säin italieenesche Papp schonn 1920 eng Heemecht zu Lëtzebuerg fonnt huet, weist dat faarwegt Wierk “Souvenirs pleins la tête“ + , wéi zefridden hien hei ass: seng Mam huet ganz couragéiert hier 3 Kanner ganz aleng grouss gezunn, no dem fréien Doud vum Papp. Den Tino selwer huet zu Lëtzebuerg eng Heemecht fir seng Fra, seng zwee Médercher an sech geschaaft.
“D'Konscht ass meng Heemecht”, seet de Gérard Claude a mécht seng Skulptur “Stèle” + aus engem Äppelbam, wéi se sou typesch sinn an den ale Lëtzebuerger Bongerten.
“É Kannerdram um Kierchbierg“ + ass déi Foto, mat der de Raymond Clement sech mat senger Heemecht identifizéiert. Do wou Gléck ass. Et ass déi Plaz wou’s de hir kenns, deen Eck wou’s de dech fir di alleréischte Kéier wuelspiers, dat Haus, dee Gaart, déi Strooss, dat Duerf, déi Stad, dat Land dat’s de gär hues.
Heemecht bedeit fir de Jim Knaff eng Ankerplatz ze fannen. Een Hafe wou een uleeën an seng sozial-kulturell Aflëss liewen kann, bei Waasser a bei Sonn. Dat ass “Venedeg” + an dësem wonnerbare figurative Bild.
Fier Margot Reding-Schroeder ass dat émouvant Wierk “Tanz der Geschwister“ + entstanen wou eent vu senge Geschweesster am gaang war fortzegoen, an dat Kënschtlerin staark a senger Bannen-Heemecht erschüttert huet.
“Back to the roots” + heescht déi Platz wou Yvette Rischette sech gebuerge fillt, wou een akzeptéiert gëtt a wou een mat deenen Leit zesummen ass déi ee gären huet.
De Raphaël Springer, als Kand vu vertriebenen Elteren aus Breslau an Olkowitz, huet seng Heemecht hei zu Lëtzebuerg fonnt : do sin säin Liewen, seng Kanner, seng Fraen, seng Frënn a Kolleegen. Hien ass frou an houfreg zu Lëtzebuerg als Lëtzebuerger ze liewen an dat dréckt hien a senger Serie “City of Luxembourg” + aus.